Party.lu oder deen 1. Lëtzebuerger Facebook

Op Party.lu huet een all Datum vu kommende Soiréeën fonnt, d’Fotoen vun dëse Soiréeën, d’Concoursen fir gratis Entréesbilljeeën ze gewannen oder souguer en Auto. DEE soziale Reseau wou jonk Lëtzebuerger sech Enn der 90er Joren fonnt hunn, wor rem do fir den Owend vum 14. Abrëll 2018.

Aus Nostalgie huet de Jacques Pütz, de Grënner vu Party.lu mat Kollegen, décidéiert eng frai Nuecht ze lancéieren ënnert dem Motto “Party wéi fréier”. D’Billjeeën fir dësen Owend , déi all 7 Deeg virum Evenement verkaaft goufen, woren de Garant fir e gelongenen Owend.

De Beweis: D’Soirée huet e Benefice vun 8.000€ gemaach. Benefice maachen wor awer net den Zweck vum Owend, also huet Party.lu decidéiert dës Suen der Fondation Follereau ze stëften fir e Kannerprojet am Norden vum Benin ze ënnerstëtzen. Dëse Projet ass fir de Kanner eng Schoulausbildung ze erméiglechen an de Kannerhandel am Norden vum Benin ze ënnerbannen.

D’Fondation Follereau seet dem Jacques, dem Valy, dem Andy, dem Dan, an all deenen déi do waren e ganz grousse Merci fir hir Ënnerstëtzung an hiert Engagement. Duerch si kann d’Fondatioun dëse Projet géint de Kannerhandel weider ausbauen an déi Kanner en charge huelen déi dem Risiko ausgesat sinn an Affer vun dësem Handel waren.

spenden