Elisabeth et Romy  avec des petits patients à Allada
PREMIERE SEMAINE AU BENIN...

Ech sin den Mettwoch 1 September um 20 Auer mat enger Stonn Verspeidung zu Cotonou um Flughaafen geland. Den Fuch war ganz agréabel, mee ech war frou endlech rem Buedem ennert den Feiss ze hun, an firun allem afrikaneschen Buedem. Wie laang hun ech op desen Moment gewaart, mee leider haat ech net vill Zait desen Moment ze geneissen well et zu Cotonou um Flughaafen ziemlech stresseg ofleeft. Dozou kennt och nach die Hetzt die mir entgeint koum wie ech den Fliiger verlos hun, komesch wann een bedenkt dass ech Moies Letzebuerg bei 14 Grad verloos hun. No der Impfkaart- an der Passkontroll sin ech dun bei d’Gepäckausgabe komm: Een relatif klengen steckegen Raum wou eng Mass vun Leit bei engem klengen Band op hier Valisse wart. Ech hun mir schnell eng Platz beim Band ergattert an haat meng Valissen du och an enger Rekordzeit vun 10 Minuten. Een Matabeschter vum Flughaafen huet mir gehollef meng Valissen mat sengem Weenchen rauszedroen. Hien war awer sou presseiert dass hien sou schnell lanscht d’Leit geflitzt as daat ech aus lauter Hektik d’Romy, d’Liz an den M.Diego, main Enpfangskomité, net gesin hun, an sie mech och net. Firun der Dier vum Flughafen ukomm huet den Monsieur meng Valissen op den Buedem gesat an as verschwonnen. Lo stung ech do an konnt mech net vum Fleck beweegen, well meng 2 Valissen sou schweier waren dass ech se nie elleng gepackt hätt. Gott sei Dank haat ech dem Romy seng Nummer an konnt him sou uruffen an bescheet soen dass ech schon virun der Dier stung. Den Accueil vum Romy, senger Frendin dem Liz an dem M. Diego, dem coordinateur de projets vun de ARFB war ganz herzlech.

Mir hun eis dun op dem Wee fir an main Hotel gemeet, wou ech di next 4 Deeg verbrengen wert. Um Wee fir an den Hotel konnt ech mir en eischten Androck vun Cotonou machen. Di eischt Nuercht am Bénin hun ech relativ onroueg geschlof, ech wor opgereegt an gespaant waat nach alles op mech duer kennt.
Donneschtes Moies as den M. Djeigo mech sichen komm fir verschidden wichteg Démarchen ze erledegen. Mir sin mam Auto vun der ARFB duerch Cotonou gefuer, an sou konnt ech vill kucken an staunen… Firdeischt waren mir op die Hollännesch Ambassade, daat as dei Ambassade die och fir d’Letzebuerger zoustänneg as dei am Bénin sin, vue que dass Letzebuerg keng eegen Ambassade am Bénin huet. Ech sin mech do anschreiwen gaang, fir dass sie, am Fall vun engem greisseren Teschenfall, wessen dass ech mech am Land befannen. Speider sin mir dann nach op eng Bank gefuer fir Suen emzetauschen. Ech hun nemmen Euroen mat op meng Rees geholl, mee am Bénin bezillt een mat CFA (Communauté financière africaine). 1 Euro sin 655 CFA, an mir as direkt bewosst gin dass daat ganz vill Emgerechends get bis ech mech mol un dei, fir mech, ongewinnten Währung gewinnt hun. No der Bank sin mir dun eng Sim-Kart fir an den Handy kaafen gaang, sou dass ech eng béninesch Nummer hun. Mir as direkt opgefall dass Handyen en ganz wichtegen Bestandeel vun den Béniner hierem Liewen as: Vill Leit hei hun souguer 2 der 3 Handyen vun verschiddenen Réseauen, fir iwwerall an emmer accessibel ze sin.

Donneschtes Mettes haat ech dun Zait fir eleng en bessi duerch Cotonou ze treppelen. Ech sin en bessen duerch d’Strossen ronderemm main Hotel spazeiert, fir d’Atmosphère vun der Stad mei no ze erliewen. Ech war impressionneiert vun deser, fir mech sou friemer Welt. Zu Cotonou op den Strossen as immens vill Trafik, d’Motoen an d’Autoen schengen well duercheneen ze fueren an ech hun direkt verstaan dass een hei 2 mol kucken muss kucken ier een iwwert d’Stross geet. D’Autoen an Motorieder sin vollbepack bis uewen hin, an et gesait een net selten Motorieder wou 3 an mei Persounen drop fueren. Duerch den Trafik as immens vill Kameidi, an et stenkt immens no Ofgasen, waat net immens agréabel as. Iwwerall lanscht Strossen verkaafen d’Leit Sachen: Uebst, Gemeis, prépareiert Platen, Benzin, Kleeder, Pneuen, Botz-, an Wäschsachen…einfach alles. D’Leit, an besonneg d’Fraen, droen enorm Schosselen op hieren Käpp mat deenen verschiddensten Sachen dran. Dat huet mech immens impressionneiert an et ass mir direkt een Gednaken duerch den Kapp gaang: „Daat muss ech och eng keier probeieren“. D’Fraen droen hier kleng Kanner net wie mir an der Pousette ronderem, mee strecken se sech mat engem Duch op den Reck. An ech muss soen, d’Pupelcher schengen des Positioun enorm ze geneissen.

Natierlech war ech eng Attracktioun an den Strossen vun Cotonou, well Europäer gin et hei net vill. Et war mir ziemlech onangenehm vun allen Saiten ugekuckt ze gin, mee dorun muss ech mech wuel gewinnen. Vill Leit hun „Yovo, Yovo“ geruff (sou nennen d’Béninois’en eis Europäer) an wollten dass ech eppes bei hinnen kaafen. Mee ech muss soen dass d’Leit net onfrendlech oder obdränglch waren, am Geigendeel, die meescht waren ganz fein an hun mech mat engem Laachen begreisst.

Freides as d’Romy dun op Cotonou komm an mir hun die next 3 Deeg zesummen verbruecht. Hat huet mir vill netzlech Tippen gin an huet mir Cotonou gewissen. Ech sin dun och fir di eischt Keier mat engem „Zem“ gefuer, daat sin Moto-Taxien, dei an allen bénineschen Städt fueren, a die en schnellt an bellegt Transportmettel duerchstellt. Mat engem Casque ausgestatt sin ech dun des nei Aventure ugaangen. Do hun ech dun och eent vun mengen eischten wichtegen Wieder op „Fon“, di national Sproch, geleiert, an zwar „dédé“, daat sou vill heescht wie „doucement“.
Mir waren op den Marchée de Dantopka, deen greissten Maart zu Cotonou. Den Maart as rieseg an ech war frou dass d’Romy bei mir war well ech hät mech secher do verluer. Et fennt een absolut alles do: Iessen, Bijouxen, Elektrogeräter, Kleeder, farwegen Stoff,… An ech muss soen ech war impressionneiert. Daat war secher net die leschte Keier dass ech do war. Mir waren och an den „Centre de promotion de l’artisanat“ wou een wonneschein Souveniren fennt: afrikanesch Holzskulpuren, Biller an Dekoratiounsartikelen. Mee fir mech as d’Zait nach net komm fir Souveniren ze kaafen.

Sondes waren mir dun mam M. Djeigo, den Coordinateur des projets vun der ARFB een Tour mam Auto duerch Cotonou machen, hien huet mir dei wichtest an bekanntesten Ecker gewissen, wie zum Beispill den Stade de l’amitié, d’Place de l’étoile rouge, den Palais des Congrès… Zum Schluss sin mir dun op d’Plage de Fidjrossé gefuer, en traumhaften Sanstrand, wou d’Cotonois’en weekends d’Rouh an die fresch Loft geneissen kommen. D’Mier hei am Bénin as immens rau an d’Wellen immens gefeierlech, dohfir gesait een kaum Leit am Mier die mei weit wie bis bei d’Kneien an d’Waaser gin.

Meides Moies hun mir eis dann op den Wee gemeet op Allada, eng kleng Stadt, 50 km vun Cotonou weg. Zu Allada wärt ech dei next 6 Meint am « Centre de Dépisstage et de Traitement de l’Ulcère de Buruli » schaffen an am Guesthouse vum Spidol wunnen. Ech war immens frou wie mir Allada ereescht hun, well ech endlech d’Gefill haat richeg ukomm ze sin. Den Accueil vun der Equipe am CDTUB war imems herzlech an ech hun mech vun Ufank un Wellkomm an wuel gefillt.
Cotonou huet mir immens gut gefall, well et immes lieweg an opreegend as, mee ech muss soen dass et och immens stresseg, haart an stenkeg as. Dofir sin ech frou an mei engem roueger Stadt wie Allada ze wunnen an ze schaffen.

Ech muss soen dass meng eischt Deeg am Bénin ganz obreegend waren an ech elo schon fascineiert sin vun der cultureller Vielfeltegkeet vun desem Land. Ech sin gespaant waat an deenen nexten Woch an Meint op mech duer keent, an ech sin mir secher dass et en onvergiesslecht Erliewniss get.

Elisabeth
 

IBAN LU15 1111 0000 7878 0000 CCPLLULL
IBAN LU38 0019 1100 2081 3000 BCEELULL
151, avenue du X Septembre L-2551 Luxembourg // Téléphone: 44 66 06-1 // Fax: 45 96 53 // info@ffl.lu