
9 Stonnen méi spéit gouf ech zu Cotonou um Flughafen ganz herzlech vum Elisabeth (menger Virgängerin), vum Dr.China (dem President vun der „Association Raoul Follereau du Bénin“, ARFB) an vum Mr.Djeigo (dem Responsablen vun de Projet’en vun der Assosiatioun) begréißt. Direkt as mir opgefall, dass déi afrikanesch Hetzt et an sech huet. An dobäi as et den d’Béninois’en zu deser Joreszäit éischter „fresch“!!
Meng éischt Nuecht hun ech ganz onroueg ennert mengem Moskitonetz geschlof. Ech hat nach net richteg réaliséiert, dass ech matzen an Afrika setzen. An ech konnt et kaum erwarden déi nächst 3 Deeg mam Mr. Djeigo an mam Aulus, dem Chauffeur vun der ARFB, duerch Cotonou ze fueren an déi wichtegst Kommissiounen virun mengem Départ op Allada ze erledegen.
Nodeems ech mech bei der hollänecher Ambassade gemellt hat, meng Euroen an CFA emtauschen war an eng „Carte de séjour“ kruut, hun ech vum Elisabeth, mengem „Guide“, Cotonou gewisen kritt.
Cotonou as déi gréißten Stad am Bénin an genee esou wéi ech mir afrikanesch Stied virgestallt hun: Dausende vun Leit, d’Fraen déi hiren Bébé em de Reck strecken an eng grouß Schossel um Kapp droen, onméiglechen Verkéier, de Gestank vun Ofgasen an virun allem lauter kleng Stänn laanscht Strooßen, wou een wirklech ALLES ze kaafen kritt. An de Strooßen an op de Märt war ech eng richteg Attraktioun; emmerhin fällt hei sou en „Kéiskapp“ wéi ech gudd op! D’Kanner ruffen engem „Yovo, Yovo“ no, sou nennen d’Béninois’en d’Europäer. An jiddereen well dass ech bei sengem Stand eppes kaafen.
Dat gréißten Abenteuer zu Cotonou war fir mech awer d’Fahrt mat engem „Zem“ (Motto-Taxi). Et bleiwt mir en Rätsel wéi déi Chauffeuren sech duerch den Traffic geschlängelt kréien. An ech hun öfters d’Gefill wéi wann sie d’Brems duerch eng Tuut ersetzen. D’Afrikaner sin genee sou wie ech mir sie virgestallt hun: voller Freed, dauernd amgang mat laachen an all Moment motivéiert ze sangen an ze danzen! Mettlerweil hun ech mech och un hir Onpünktlechkeet an hir „Kenns de haut net, dann kenns de muer“-Astellung gewinnt. Am Ufank huet mech dat nach zimlech nervös gemach, mee elo gehéiert dat fir mech schon zum Alldag dozou!

Meng Arbescht as ganz vielsäiteg. Moies schaffen ech éischter am medezineschen Beräich. Obwuel ech nach guer keng Erfahrungen an desem Beräich gesammelt hun, kréien ech hei am Centre vill zougetraut. Ech schaffen haaptsächlech mam Kiné, dem Jo, zesummen. Hien huet mir villes iwert d’Kinésithérapie bei Patienten mam Ulcère de Buruli (UB) bäibruecht. Am Ufank hun ech him nogekuckt an heiansdo assistéiert, mee mettlerweil hun ech schon e puer „egen“ Patienten mat denen ech ganz alleng déi verschidden Übungen kann machen. Heiansdo gin mir fir d’éischt nach beim “Pansement„ (Verbandswiessel) laanscht, fir ze wessen wou sech den Patienten hir Wonnen befannen an wéi gudd se schon geheelt sin. Do kann ech och schon e bessen assistéieren.
Wat mech bis elo am meeschten beandrockt hat waren meng Besich am „Bloc opératoire“. Ech hun hei am CDTUB déi grouß Chance „live“ bei enger Operatioun dobäi ze sin. Natierlech hun ech mer déi net entgoen gelooss. Allerdengs kann ech bei den Operatiounen net assistéieren; dofir fehlt mir dann dach dat néidecht Fachwessen. An awer kucken ech ganz begeeschtert den Dokteren iwer d’Scheller an bewonneren hir präzis Arbescht.
Ech hat net schlecht gestaunt wou ech déi éischte Kéier an Kontakt mat den Patienten koum. Sie hun enorm vill Peng, grouß Wonnen an verschiddener hun missen en Kierperdeel amputéiert kréien. Beim Kiné jäitzen d’Kanner wéi um Spieß an och den Erwuessenen gesäit een hir Peng oof. D’Arbescht moies as net einfach, an awer mecht sie mir vill Spaaß wann ech kucken wéi dankbar verschidden Patienten engem sin dass een hinnen helleft.

Och d’Bibliotéik vum CDTUB, déi d’Romy an d’Eli (meng Vir-Virgängerinnen) ageféiert haten, wert ech weider leeden. Et as mir wichteg, dass net nemmen déi kleng mee och déi „grouß“ Patienten d’Méiglechkeet kréien fir ofzeschalten an ebessen op aner Gedanken ze kommen.
Och wann d’Kanner emmer opgedréint sin an oft den Géigendeel vun dem machen wat een hinnen seet, mecht mir d’Arbescht an der Schoul enorm vill Spaaß. An wann ech kucken wéi vill Freed hinnen d’Schoul mecht an wéi gudd et hinnen deet ofgelenkt ze gin, sin ech emsou méi motivéiert mat hinnen zesummen ze schaffen. An obwuel sie an hiren jonken Joren schon esou vill mussen matmachen an vill wéi hun, strahlen sie een dauernd un an kommen op een duergelaaf wann sie een schon vun wäitem gesin. D’Kanner gin mer déi néideg Motivatioun an Kraaft, déi ech suwuel an der Schoul wéi och am Alldag brauch.
No 3 Wochen hei am Bénin kann ech aus vollster Iwerzegung behapten, dass ech mech immens wuelfillen. Ech hun mech agelieft an mech un d’Hetzt an den Béninois’en hieren Lierwens- an Schaffrhythmus gewinnt – an un déi vill Spannen! D’Kanner, déi erwuessen Patienten souwéi och d’Personal sin mir un d’Herz gewuess an machen mäin Openthalt hei am CDTUB nach méi lieweg an flott.
Déi nächst 7 Méint kennen kommen!



