2.850 Euro vu Seniorekommissioun a Gemeng Manternach fir d’FFL
Et ass schon eng laaang Traditioun, datt d’Seniorekommissioun vun der Gemeng Manternach all Joer am Advent eng stëmmungsvoll Chrëschtfeier organiséiert. Dat war 2011 de Fall den 18. Dezember am dekoréierte Festsall vum Centre Beaurepaire. De Schäfferot, Henri Frank, Buergermeeschter, Alex Haag an Alix Klein-Ungeheuer, Schäffen, weidere Vertrieder vun der Gemeng an d’Membere vun der Seniorekommissioun ëm d’Präsidentin Henriette Klein-Seil haten drop gehal, fir mat derbäi ze sinn. Et ass och eng Traditioun, datt all Seniorinnen a Senioren aus der Gemeng bei där Geleeënheet en Don fir e gutt Wierk maachen. Dëst Joer war d’Fondation Follereau Lëtzebuerg un der Rei. D’Monique Hermes huet d’Stëftung an hir Haaptprojete kuerz virgestallt. Et goung ganz besonnesch ëm déi schlëmm Krankheet Buruli Ulcer, an ëm de „Centre de Dépistage et de Traitement de l’Ulcer de Buruli“ (CDTUB) „Le Luxembourg“ zu Allada am Benin. No der Feier konnt de Buergermeeschter Henri Frank déi stolz Zomm vu 1.425 Euro fir d’Fondatioun iwwerreechen. Hien huet matgedeelt, datt d’Gemeng Manternach dës Zomm verduebele géif, wat deemno en Total vun 2.850 Euro ausmécht. D’Fondation Follereau Lëtzebuerg seet dofir der Gemeng Manternach an hirer Seniorekommissioun, awer och all deenen Dammen an Hären, déi bei der Chrëschtfeier mat derbäi waren, e ganz häerzleche Merci fir dëse schicke Gest.

(FOTO: JOHNY HENGEL)

 

IBAN LU15 1111 0000 7878 0000 CCPLLULL
IBAN LU38 0019 1100 2081 3000 BCEELULL
151, avenue du X Septembre L-2551 Luxembourg // Téléphone: 44 66 06-1 // Fax: 45 96 53 // info@ffl.lu