“Jiddereen huet d’Recht op déi nämmlecht Saachen.”

Een Interview mam Anne Braun

 

D’Anne Braun ass zréck aus dem Togo. Hatt schwätzt mat eis an engem leschten Interview iwwer seng Volontariatserfahrungen.

Wat huet dech motivéiert e Volontariat ze maachen? Wéi bass du drop komm fir fortzegoen an sou wäit?

Fortgoen wollt ech souwisou schonn ëmmer. Ech hu schonn am Ausland studéiert an et gewënnt een einfach vill méi wann een an d’Ausland geet. Ech hu friem Kulture gär, friem Traditiounen. Ech reesen immens gär a fir dann d’Reesen mam Schaffen ze verbannen ass natierlech ideal. No mengem Criminologie-Studium hunn ech gemierkt datt ech méi wéilt mat Leit schaffen an et ass immens schwéier hei zu Lëtzebuerg an der Entwécklungshëllef – oh et ass e grousst Wuert, ech hunn et eigentlech net sou gär – eranzekommen.

Wéi géings du et dann nennen?

Ech weess et net, Enwécklungshëllef ass sou grouss… Jiddereen op der Welt huet dat Recht op déi nämmlecht Saachen a fir dat z’ënnerstëtzen… mee Entwécklung-… si sinn op verschidde Saache weiderentwéckelt wéi mir. A jo, et ass eben am Volontariat am Einfachsten an déi Beruffsspart eranzekommen. Et ass soss ganz schwéier wann s du et net onbedingt studéiert hues, do Fouss ze faassen. An dofir Volontariat.

Du wars am Togo, hues du do en typegen Alldag erlierft am Verglach mat Lëtzebuerg?

Togo ass alleng vum Climat hir vill anescht. D’Sonn geet vill éischter op an um 19:00 Auer ass et stackdäischter. Dat heescht et ass e ganz anere Rhytmus a wann ee moies opsteet gëtt et kee Müesli mat Mëllech, mee et gëtt Räis mat Piment. A jo, da moies fréi an der Klinik hu mer ugefaang an dann an der Klinik ebe geschafft an dann am Nomëtteg ebe mat de Kanner gespillt an dann ass et eben och schonn owes. An der Woch wann s de moies um 5:00 Auer opstees, da bass de owes och net méi bis 21:00 waakreg. Wann et souwisou um 19:00 Auer stackdäischter ass, gees de och net méi sou onbedingt virun d’Dier. Et ass ganz anescht, et ass e ganz anere Rythmus. Mäi Kierper huet sech och wierklech verännert. Awer sou en afrikanesche Rythmus hunn ech awer konnte matmaachen. Et ass genial. Well, déi sti moies mam Hunn op an den Hunn dee kréit dann um 7:00… nee, e kréit um 5:00 fir opzestoen an dann um 7:00 an da gi se all op d’Aarbecht. Da kréit e géint 11:00, well dann ass Mëttegiessen. Um 15:00 kréit en, da gi se heem. Um 17:00 kréit en net méi, da geet en nëmme méi bei de Bam, da weess de och du muss rem heemgoen. Et ass herrlech! Du bass vill méi verbonnen zu der Natur, dem Iessen, de Leit. Du bass vill méi no un allem drun.

Du hues mat Kanner geschafft, déi eng Hautkrankheet hunn, Buruli Ulcer. War et schwéier fir dech mat deem Krankheetsbild auserneenzesetzen?

Jo, also ech menge meng Uni huet mech immens ofgehäert wat Wonnen ubelaangt, och bei Kanner, hunn ech ganz schrecklech Saache gesinn a studéiert. Dofir war et fir mech eigentlech net sou schlëmm. An ech weess jo och, ech sinn dohinner gaang fir z’ënnerstëtzen an do ze sinn. Natierlech waren eenzel Fäll, wou ech hu missten e puer mol déif duerchootmen a mer geduecht hunn: “dat kann dach net sinn”. Awer, de Geroch war schlëmm, mee soss eigentlech net. Well si hunn do och en anere Bezuch dozou. Wann een dat lo hei géing bei eis matmaachen, wir dat nach ganz anescht. Mee si si méi haart im Nehmen. An dat war bewonnerenswert. 

 

Wat war dann däi prägnanst Erliefnis also am positive Sënn a vläicht och am Negativen?

Am Positiven: Am grousse Ganze wéi een do opgeholl gëtt. Et ass alles selbstverständlech, dat ass Wahnsinn. Positiv och nach ze gesinn, wéi si Saachen awer opgeholl hunn vun engem. Wann ee matenee schafft, sech mateneen ënnerhällt. Den Austausch am grousse Ganzen dat war méi häerzlech, jo wierklech. Ganz einfach eben an da bass de direkt an der Famill an du bass direkt Tatta an du bass direkt Mama an et fillt een sech wuel. An et kuckt ee méi no sech an ech si schonn direkt rem an dee Schema zréckgefall: dohannen steet een op, et deet een iergendeppes un an d’geet een eraus an et seet ee wat ee wëllt an et mëcht ee wat ee wëll a wann ee Loscht huet eppes z’iessen, dann ësst een eppes a wann ee Loscht huet dohinner ze goen da mëcht een dat.

An Negativ… wéi schwéier si et einfach hunn. Och wann si sech Méi ginn, et ass einfach vu ganz uewen, wou guer keng Ënnerstëtzung kënnt. Wou keng Budgeten do sinn, d’Leit ginn net ausgebilt, an dat ass schrecklech. Et waren och zwee Kanner, déi haten net Buruli, mee déi ware mat hire Geschwëster do an d’Elteren hate keng Suen, mee et gouf hinnen awer och net gehollef. Bei eis wann e Kand krank ass, da gëtt fir d’éischt mol gekuckt wat wéi a wou. Nee et si keng Suen do an dann ass och eent gestuerwen an dat ka jo awer net sinn. Just wéinst de Suen an dat well hatt eng kleng Gripp hat an dat ass duerno iwwergeschwappt… an da kanns de jo net ufänken a soen: “ech ginn an d’Apdikt”… Et hätt mech nëmmen zwee Euro kascht, mee et ass een net dofir do. An dat ass schrecklech, och ze gesinn wéi ee selwer seng Grenzen da kenneléiert… an ech hu mir och nach Virwërf gemaach, well ech hu mer gesot, ech hätt do kéinten eppes maachen.

War Afrika sou wéi s du dir et virgestallt hues?

Jo… also ech war jo schonn am Burkina Faso, an Tanzania an ech hat ebe Chance, well ech am Burkina och ee besicht hunn, deen e Volontariat gemaach huet. Et war nach eppes anescht am Togo, do waren d’Leit nach méi oppen. Ganz frëndlech. Wa se näischt hunn, gi se der awer alles. Et ass Wahnsinn… Meng Schwëster huet mech besicht an u menger Schwëster konnt ech de Verglach gesinn. Ech hu mer owes d’Fro gestallt: “Anne bass du sou haart, bass du sou kal?” Well hatt ass komm, hatt huet dat guer net verdroen. Mir waren dräi Deeg an der Haaptstad an du sot hatt: “Anne mir sinn hei an enger Haaptstad. Hei gëtt et mol keng getehrte Stroossen.” Du si mer an d’Klinik komm an ech sot him mir ginn net wou d’Wonne sinn, mee hatt wollt dunn trotzdem, hatt wollt sech dat wahrscheinlech och selwer beweisen an hatt huet dat guer net verdroen an do ass hatt och ab deem Dag net méi mat bei d’Kanner gaangen. Hatt konnt et einfach net.

Hues du vläicht nach ee Rotschlo fir d’Leit heiheem, wéi se de Kanner am Togo kënnen hëllefen, wann se wëllen?

Ech fannen et wichteg Ënnerstëtzung ze ginn, lo wou ech an der Klinik war: an d’Santé an dann an d’Bildung. Well vill hunn einfach guer keng Chance op Schoul. Et ass näischt do, keng Suen a si mussen doheem och richteg eng Hand mat upaaken an do si Kanner mat 4 Joer, déi droen Wäscheemeren um Kapp an déi hu mir gewise wéi ech meng T-Shirte soll wäschen … A vill Volontären erofschécken… wierklech. Et ass wichteg, net nëmmen fir ee selwer, awer och fir si. Alleng den Ausstausch. Och wann s du dohinner kënns an du hues réischt deng Première an du weess am fong guer näischt. Dat ass egal, du kënns awer mat Ideen dohin. Oder… et kléngt lo vläicht platt, mee leng datt s de wäiss bass ass fir d’Kanner eng mega Ofwiesslung, dat ass Action. Du sëtz dech dohinner a si hunn eng ze dinn. Volontäre rofschécken. A Leit déi irgendswéi Cooperatioun studéiere ginn, deene géing ech souguer uroden hei géi fir d’éischt dohinner, well et ass awer net esou… Ech hat wierklech Chance datt ech am Burkina war, soss hätt ech wahrscheinlech déi 2 éischt Wochen net sou einfach gemaach. Mee sou war et oh jo, ech kennen. Et ass ok (laacht). Ech géing muer direkt rem zréckgoen.