En Volontariat – Eng Experienz fir d’liewen

Een Interview mam Julie, eis Volontairin am Benin beim Projet « Appui au programme national de lutte contre l’Ulcère de Buruli et la lèpre au Togo »

Wat huet dech motivéiert ee Volontariat ze maachen ?

Ech hunn mech fir en Volontariat decidéiert, well ech schonn ëmmer sou eppes maachen wollt. Ech hunn den Volontariat als Chance gesinn fir mech kennen an engem Projet ze engagéieren, aneren Leit ze hëllefen an fir mech selwer och weider ze entwéckelen ier ech dann an d’Beruffsliewen klammen. Ech wollt en SVC maachen, fir kennen eng aner Kultur kennen ze leieren, sou wei d’Aarbecht an engem Land ze gesinn wou d’Moyen’en just beschränkt sinn. Dobäi muss ech dann awer och soen, dass d’Scouten en groussen Deel dozou bei gedroen hunn, dass ech en Volontariat maache wollt.

Wat bedeit dësen Volontariat fir dech?

Fir mech war et wichteg, dass ech mech sozial engagéieren konnt an dat an engem Beräich dee mech intresséiert: Gesondheet an Kanner. Den SVC am Togo war also genau dat richtegt fir mech.

Firwat wollts du deen Volontariat bei der Fondation Follereau maachen ?

Ech hunn mech fir d’Fondatioun Follereau decidéiert, well mech hiert Engagement an hier Projet’en am meeschten ugesprach an intresséiert hunn. Ech wollt eppes am Santé’s Beräich maachen, an den Projet am Togo „Ulcère de Buruli“ bei Kanner huet dann einfach gepasst.

Firwat ass et fir dech eng wäertvoll/beraïcherend Erfahrung ?

Fir mech ass den Volontariat eng Experienz fir d’Liewen, an dat an verschiddenen Hinsichten. Engersäits well ech d’Méiglechkeet hunn d’Liewen an d’Aarbecht an Afrika ze gesinn. Anersäits well et fir mech perséinlech och eng Erausfuerderung ass. Dat ganzt wäert eng Experienz fir d’Liewen ginn, ech wäert all déi Saachen déi ech erliewen konnt an mengem spéideren Liewen uwenden kennen, dat souwuel an mengem privaten souwéi an mengem berufflechen Liewen. Ech wäert meng Zäit am Togo nieméi vergiessen.

spenden