Romy goes Bénin

Mai Service Volontaire de Coopération matt der Fondation Follereau Lëtzebuerg (FFL) am Bénin – engem klengen, westafrikaneschem Land – am Joër 2010 war fir mech eng immens flott Erfahrung, souwuel op perséinlecher wéi och op professionneller Basis, bei där ech villes beigeléiert hunn.

No engem Mount Virbereedung um Siège vun der FFL, hun ech Enn November 2015 déi grouss Chance – well et eng exzeptionell Geleeënheet ass – nach emol an den Bénin schaffen ze goen. D’FFL huet am Kader vun der “Aide à l’enfance en détresse” den CIPSA-EH, den “Centre intégré de promotion sociale et d’accueil pour enfants handicapés” zu Allada gebaut, deen am Joër 2012 seng Dieren opgemaach huet. Dëst ass en Zentrum, wou Kanner a Jugendlecher matt enger kierperlecher an / oder geeschteger Behënnerung, souwéi Kanner déi an schwieregen Verhältnisser opwuessen, an d’Schoul kennen goen.

Am Laf vum Joer 2014 goufen insgesamt 400 Kanner am CIPSA-EH encadréiert. Nieft den integrativen Spillschoulsklassen, bitt de CIPSA-EH och Séancen an der Kinésitherapie, Orthophonie an Ergotherapie un. Jugendlecher ab 14 Joer hunn och d’Méiglëchkeet, un enger « Formation professionnelle » deelzehuelen, wou sie an de Beräicher Schneiderei, Wiewerei, Coiffer, Photographie, Cordonnerie a Macramé ausgebild gin.

E puer mol d’Woch kennt dann och nach e Grupp vu Kanner dohinn, déi an engem spezialiséiertem Spidol, dem CDTUB behandelt ginn. An dësem « Centre de Dépistage et de traitement de l’Ulcère de Buruli » zu Allada hunn ech virun 5 Joer am Kader vu mengem Volontariat matt de Kanner geschafft. D’Behandlung vum Ulcère de Buruli ass immens schmerzhaft an dauert op mannst e puer Méint laang, dofir ass et wichteg, dass déi krank Kanner matt Spiller an Aktivitéiten vun hirer Peng ofgelenkt ginn an och Nohëllefstonnen kréien, fir datt si net zevill vum Schoulprogramm verpassen.

Dëst Joer am Abrëll war ech schonn emol an de Bénin geflunn, fir mir meng nei Aarbechtsplaz unzekuken an fir d’Directrice an d’Personal kennenzeléieren. Ech wollt en éischten Androck kréien, wéi sie do am CIPSA-EH schaffen a wat meng Aufgaben als Educatrice graduée an deem Projet waerten sinn: Ech waert mech an déi verschidden Beraicher vum « Espace socio-éducatif » matt abréngen a matthëllefen, andeems ech pädagogesch Aktivitéiten matt deenen eenzelne Kannergruppen duerchféieren, souwuel an de Spillschoulsklassen, an de Kinésitherapie-Seancen, an der Formation professionnelle, wéi och bei de Kanner aus dem CDTUB.

Ech si frou, nach emol an den Bénin kennen ze goën! Vill Leit froe mech, ob ech da keng Angscht hätt dohin ze reesen an do ze schaffen. Meng Aentwert as ëmmer “Nee”, well et einfach fir mech ass: Net nëmmen well ech an e Land zréckkommen, wou ech schonn eemol e Joer laang geliewt hunn, mee well ech souguer ërëm zu Allada, an der selwechter klenger Stad waert schaffen a wunnen. Allada ass am Fong net schéin: Ett lait direkt un der vill befuerener Haaptstrooss, déi vun der Küst am Süden bis erop an den Norden vum Bénin féiert, bis bei d’Grenzen zum Burkina Faso an dem Niger … mee et huet trotzdem sai Charme. Zu Allada kennen ech alles, ech fannen mech gudd zurecht a virun allem wees ech, datt do vill léif Leit liewen, matt deenen ech all déi Zäit iwwer Kontakt gehalen hunn a mech freeën, si elo ërëm ze gesinn. Et ass bëssen wéi heem kommen …

Den Projet CIPSA-EH huet e grousst Potential an ech kann et kaum erwaarden, datt et endlëch lass geet! Ech freeën mech op nei Erausfuerderungen an Erfahrungen, de kulturellen a professionnellen Austausch, souwéi op spannend Erliefnësser am afrikaneschen Alldag. ? Neiegkeeten kennt Dir um Site vun der FFL an op hirer Facebook-Sait noliesen.

Romy

spenden